Skip to content

Iwwer eis

LNDS – Wäertschëpfung
duerch d’Weiderverwendung vun Donnéeën erméiglechen

D’Quantitéit vun Donnéeë weltwäit hëlt zou an eng weesentlech Partie vun de bestoenden Donnéeë befënnt sech a Siloen – se sinn net interoperabel, net fannbar an dofir net benotzbar. De Luxembourg National Data Service (LNDS) huet et sech zur Aufgab gemaach, dat ze änneren. Mir sinn amgaangen, d’Donnéeë FAIR – fannbar, accessibel, interoperabel a weiderverwendbar– ze maachen an d’Weiderverwendung vu bestoenden Donnéeën ze verbesseren.

Hannergrond vun der Grënnung vum LNDS

De Luxembourg National Data Service (LNDS) gouf vun der Lëtzebuerger Regierung gegrënnt, fir d’Strategie vu Lëtzebuerg an de Beräicher vun der Recherche, der Innovatioun an der Digitaliséierung ëmzesetzen.

Niewent dem nationalen Interessi huet d’Entwécklung vun den europäeschen Dateraiminitiativen den Ustouss fir d’Grënnung vun der wirtschaftlecher Interessevereenegung PNED G.I.E. am Juli 2022 ginn. Aus dem Numm PNED ass d’Mark Luxembourg National Data Service (LNDS) entstan, fir d’Aarbecht, déi mir leeschten, besser zeréckzespigelen. Den LNDS bitt ëffentlechen a staatlechen Instituter vertrauenswierdeg Dateservicer, fir dem nationalen Interessi vun der Lëtzebuerger Regierung un dategesteierter Innovatioun fir d’Entwécklung vun enger vertrauenswierdeger an nohalteger Ekonomie gerecht ze ginn.

Eis Aktivitéiten

Wäertschëpfung duerch d’Weiderverwendung vun Donnéeën erméiglechen – mat Transparenz, Kontroll a Vertrauen.

Mir leeën de Fokus op d’Deele vun Donnéeën aus dem ëffentleche Secteur, fir eisen Datepartner et ze erméiglechen, eng Wäertschëpfung ze erzilen. Datepartner sinn Organisatiounen aus dem ëffentlechen an dem private Secteur, déi drun interesséiert sinn, Donnéeën ze benotzen (Datebenotzer), Donnéeë bereetzestellen (Datenubidder) oder béides. Mir schaffen ënner anerem mat Fuerschungsinstituter, Ministèren an aneren nationalen Organisatiounen zesummen, fir d’Benotzung vu bestoenden Donnéeën ze verbesseren. Doriwwer eraus bedeelege mir eis aktiv un der Entwécklung vun Dateraim, Standarden a bescht Praktiken um europäeschen Niveau.

Fir d’Deelen an d’Weiderverwendung vun Donnéeë fir ëffentlech a privat Datepartner ze ënnerstëtzen, entwéckele mir en Déngschtleeschtungsportfolio, deen Knowhow, Capacitéiten, Outilen, Infrastruktur an Dateservicer beinhalt.

Capacitéitenopbau, Formatiounen a Gemeinschaftsmanagement

Rechtlech, ethesch a gesellschaftlech Impaktofschätzung

Technesch Bausteng, Plattforminfrastruktur a Komponente vun der sécherer Enn-zu-Enn-Dateveraarbechtung

Ënnerstëtzung fir Datenerkennung, -zougrëff, -uräicherung, -pseudonymiséierung, -qualitéit asw.

Mat der ëmmer méi staarker gesellschaftlecher an ekonomescher Ofhängegkeet géingeniwwer den Donnéeën ännert sech an evoluéiert d’Nofro no Dateservicer mat der Zäit. Mir entwéckelen eisen Déngschtleeschtungsportfolio permanent weider, fir d’Besoine vun den Datepartner bei der Entwécklung vu konkreeten an impaktvollen Dateprojeten ze erfëllen.


Wäertschëpfung duerch d’Weiderverwendung vun Donnéeën erméiglechen – mat Transparenz, Kontroll a Vertrauen.


Vertrauenswierdeg

Är Rechter leien eis um Häerz a mir halen eis Verflichtungen an. Sécherheet an Zouverlässegkeet ginn an all eise Prozesser groussgeschriwwen.

Erfolleg erméiglechen

Mir lauschteren no, passen eis un an hëllefen Iech, fir datt Dir erfollegräich kënnt sinn. Mir fërderen d’Zesummenaarbecht an d’Innovatioun mat eise Partner, fir e gesellschaftlechen Impakt ze erzilen.

Transparent

Mir kommunikéieren oppen a maachen eis Limitten a Contrainten däitlech. Mir stellen Iech eisen Knowhow zur Verfügung.


Visioun, Missioun, Zweck

Eis Visioun – Lëtzebuerg zum europäesche Leader maachen a Saachen Innovatioun hin zu enger verantwortungsvoller digitaler Gesellschaft

An eiser Visioun ass Lëtzebuerg de Leader vun der Innovatioun an Europa, fir eng verantwortungsvoll digital Gesellschaft ze schafen. Mir wëllen e wichtege Bestanddeel vum digitale Wandel zu Lëtzebuerg an e Leader vun den Dateraim an Europa sinn.

Eise Bäitrag besteet doran, Partnerschaftsprojeten ze erméiglechen, déi dorop ofzilen, Donnéeën am Kader vun der gemeinsamer Innovatioun tëschent Acteure vun der ëffentlecher Recherche a privaten Acteuren ze verbesseren. Bei dësen Dateprojete kënnen alleguer d’Acteuren un der ganzer Chaîne vun der Wäertschëpfung duerch Donnéeën deelhuelen. D’Fërderung vun der Interoperabilitéit vun den Donnéeën tëschent de Secteure wäert Lëtzebuerg hëllefen, säin Zil ze erreechen, bis 2030 eng nohalteg, wëssensbaséiert, villfälteg a vertrauenswierdeg digital Gesellschaft ze ginn.

Eisen Optrag – d’Recherche an d’Innovatioun duerch qualitativ héichwäerteg Donnéeën ënnerstëtzen

Donnéeë sinn en onverzichtbaart Element, fir e Skaleneffekt ze erzilen. D’Recherche an d’Innovatioun baséieren op qualitativ héichwäertegen Donnéeën. Den LNDS wäert Recherche an Innovatioun duerch säin Déngschtleeschtungsportfolio ënnerstëtzen an e privilegiéierte Partner ginn, fir privat Plattforme fir d’Dateprodukter vun der nächster Generatioun gemeinsam ze entwéckelen. Mir ënnerstëtzen d’Bedeelegung vun der ëffentlecher Recherche a privaten Acteuren un der Enn-zu-Enn-Dateveraarbechtung. Fir Innovatiounen ze erméiglechen, ënnerstëtze mir eis Partner beim Verbesseren an dem Kombinéiere vun Datesätz.

Zu Lëtzebuerg wäert den LNDS zu engem Katalysator fir den nationale Fuerschungs- an Innovatiounsekosystem ginn, fir de Potenzial vun den Donnéeë ganz auszeschëpfen.
Mir sinn en zentrale Bestanddeel vun der digitaler Strategie vu Lëtzebuerg, déi zousätzlech Capacitéiten, ewéi lokal Datenzenteren a Cloudinfrastruktur, Capacitéite fir Héichleeschtungsrechnen, verschidden Dateraiminitiativen, Cybersécherheetsressourcen an eng staark Zesummenaarbecht tëschent den Acteuren ëmfaasst, déi d’Regierung, d’Industrie, d’Recherche an d’Bierger*Biergerinne representéieren. Well mir enk mat aneren nationalen Organisatiounen an Institutioune verbonne sinn, kënne mir zesummen en Impakt erzilen. Duerch eng effikass a responsabel Benotzung vun den Donnéeë kann de wirtschaftlechen, ekologeschen a gesellschaftleche Wandel zu Lëtzebuerg op eng méi intelligent Aart a Weis acceleréiert ginn.

Mir entwéckelen dës Capacitéiten an engem internationale Kontext a mat engem oppene Bléck op d’Welt. Op europäeschem Niveau wäert den LNDS e wichtege Bäitrag zu den europäeschen Dateraim leeschten, esou wéi dat an der Datestrategie vun der Europäescher Kommissioun beschriwwen ass.
Dozou gehéieren d’Servicer vun engem zoustännegen Organ am Sënn vun der Veruerdnung iwwer europäesch Dategouvernance an d’Ënnerstëtzung vum Organ, dat fir den Zougang zu Gesondheetsdonnéeën zoustänneg ass am Sënn vun der Veruerdnung iwwer den Europäesche Raum fir Gesondheetsdaten.

Eist Zil – Wäertschëpfung duerch Donnéeën erméiglechen – mat Transparenz, Kontroll a Vertrauen

Eist Zil ass et, Wäertschëpfung duerch d’Weiderverwendung vun Donnéeën ze erméiglechen. Mir wëllen eis Datepartner dobäi ënnerstëtzen, eng Wäertschëpfung duerch Donnéeën ze erzilen an d’Donnéeën am Kader vun enger gemeinsamer Innovatioun tëschent all den Acteuren ze verbesseren. Mir wëllen e privilegiéierte Partner fir déi gemeinsam Entwécklung vun den Dateprodukter vun der nächster Generatioun ginn. Am Endeffekt geet et bei eiser Aarbecht dorëm, eisen Datepartner ze hëllefen, mat Donnéeën en Impakt ze erzilen.

Donnéeë gëtt et a grousse Quantitéiten, mee se kënnen oft net fonnt oder benotzt ginn. Fir eist Zil ze erreechen an d’Deelen an d’Weiderverwendung vun Donnéeë fir ëffentlech a privat Datepartner ze ënnerstëtzen, entwéckele mir eisen Déngschtleeschtungsportfolio. Eis Servicer ëmfaassen d’Deele vu Capacitéiten, Prozesser a Wësse wärend dem gesamte Prozess.

Eist Zil ass et, Donnéeë FAIR – fannbar, accessibel, interoperabel a weiderverwendbar – ze maachen an d’Weiderverwendung vu bestoenden Donnéeën ze verbesseren.


Eis Virgoensweis

Mir schaffe mat Organisatiounen aus dem ëffentlechen a private Secteur zesummen, déi dorun interesséiert sinn, Donnéeën ze benotzen, Donnéeë bereetzestellen oder béides. Zu eise Partner zielen ënner anerem Fuerschungsinstituter, Ministèren an aner national Organisatiounen, déi zesummeschaffen, fir d’Benotzung vun de bestoenden Donnéeën ze verbesseren.

Mir schaffe mat Datepartner op enger Projetsbasis zesummen. D’Dateprojete ginn zesumme mat eise Partner definéiert, delimitéiert a prioriséiert. All Dateprojet fänkt mat enger Onboardingreunioun un, wou mir méi iwwer Är Objektiver an den Impakt, deen Dir erzile wëllt, wëlle gewuer ginn. Op der Grondlag vun den Ufuerderungen an den Ziler vun Ärem Projet leeë mir zesumme fest, wéi mir Iech kënnen hëllefen.

En Dateprojet gëtt an der Reegel entweeder duerch en nationale Fërderprogramm oder en europäesche Projet finanzéiert. Dank der Finanzéierung duerch d’Lëtzebuerger Regierung an enger Partie nationalen an europäesche Subside kënne mir de Gros vun eise Servicer gratis ubidden.

Zousätzlech zu den Dateprojete konzentréiert eis Ekipp sech op d’Entwécklung vu Servicer fir d’Weiderbenotzung vun Donnéeën. Zu de Servicer gehéieren d’Bereetstelle vu Capacitéiten a Formatiounen, vu rechtlechen an techneschen Instrumenter, vun enger operativer Ënnerstëtzung a vun enger Plattforminfrastruktur. Eisen Déngschtleeschtungsportfolio gëtt unhand vun den Ufuerderungen an dem Feedback vun den Dateprojeten zesumme mat eise Partner stänneg weiderentwéckelt a verbessert.

Mir gi verantwortungsvoll mat de Proprietäre vun den Donnéeën ëm an de Proprietär behält zu all Moment d’Kontroll iwwer d’Donnéeën. Wann et méiglech ass, produzéiere mir oppen Donnéeën an erméiglechen den Zougang zu Donnéeë mat Restriktiounen, wann dat néideg ass. Mir leeën och fair Konditioune fir den Datenaustausch an -handel fest.


D’Ekipp vum LNDS

Den LNDS wiisst duerch Dateservicer. Dës Servicer ginn duerch Mënschen erméiglecht. Mir co-kreéiere mat de Membere vun eiser Ekipp an de Leit bei eise Partner.

Den LNDS besteet aus enger staarker Ekipp vun digitalen Enthusiasten, dorënner Datenanalysten*Datenanalystinnen, Dateverwalter*Dateverwalterinnen, Spezialisten*Spezialistinnen a Saache Recht a Gouvernance an Daten- a Softwareingenieuren*Daten- a Softwareingenieurinnen. Léiert d’Ekipp, déi d’Missioun vum LNDS erfëllt, kennen:

Service

LNDS Service Team

D’Service-Ekipp entwéckelt Dateservicer an erfëllt d’Besoine vun eisen Datepartner. Dës Ekipp besteet aus Datenanalysten*Datenanalystinnen, Dateverwalter*Dateverwalterinnen, Projektmanageren*Projektmanagerinnen a Spezialisten*Spezialistinnen a Saachen Dategouvernance an ELSI (Ethical, Legal and Social Implications).

Technology

LNDS Technology Team

D’Technology-Ekipp stellt sécher, datt d’Infrastruktur an d’Outile fonctionéieren, sief et bannent dem LNDS oder fir d’Projete mat eisen Datepartner. Dës Ekipp besteet aus Ingenieuren*Ingenieurinnen a Saachen Daten, Software, DevOps, Sécherheet an Infrastruktur.

Enabling

LNDS Enabling Team

Déi ënnerstëtzend Funktiounen, déi d’Aarbecht vun all den aneren Ekippen erméiglechen, setze sech aus der Personalverwaltung, dem Büromanagement, der Beschafung, der Kommunikatioun an dem generelle Management zesummen.


D’FÉIERUNGSEKIPP

Bert Verdonck

CEO

Christophe Trefois

Christophe Trefois

Responsabel vum Departement Technology

Wei Gu

Responsabel vum Departement Service

Matthieu Paret

Responsabel vum Personal


Gouvernance –
Kommitee vum LNDS

LNDS ass eng Mark vu PNED G.I.E. (wirtschaftlech Interessevereenegung), eng Organisatioun, déi sech am Besëtz vun der Lëtzebuerger Regierung befënnt a vun hirem Verwaltungsrot dirigéiert gëtt:

  • Ministère fir Fuerschung an Héichschoul: Romain Martin
  • Ministère fir Digitaliséierung: Gaston Schmit
  • Ministère fir Ekonomie: Mario Grotz
  • Ministère fir Finanzen: Tom Theobald
  • Ministère fir Sozialversécherung: Thomas Dominique
  • Staatsministère: Max Gindt
  • Luxembourg Institute of Health (LIH): Ulf Nehrbass
  • Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER): Aline Muller

Sidd Dir drun interesséiert,
dem LNDS bäizetrieden?in joining LNDS?

Wëllt Dir Deel vun dësem ambitiéisen an energeeteschen Team ginn an zu engem nationalen an europäeschen Optrag bäidroen, deen eng Wäertschëpfung duerch Donnéeën erméiglecht?

Informéiert Iech an eiser Sektioun „Karriären“ iwwer eis aktuell Jobofferen oder kontaktéiert eis, fir Opportunitéiten ze beschwätzen!