Skip to content

Kontaktdaten

Kontaktdate vum LNDS

Kontaktdaten

Luxembourg National Data Service – LNDS

info@lnds.lu

+352 260 207

6, Avenue des Hauts-Fourneaux
L-4362 Esch-Uelzecht

R.C.S. C175 | TVA: LU34458768

TECHNOLOGY

Bei Froen, wat d’Technologie an d’Toole betrëfft, went Iech wgl. un eis Technology-Ekipp:

tech@lnds.lu

SErvice

Bei Froen, wat eis Servicer betrëfft, went Iech wgl. un eis Service-Ekipp:

service@lnds.lu

legal

Bei Froen, wat rechtlech oder Compliance-Aspekter betrëfft, kontaktéiert wgl. eis ELSI-Ekipp:

elsi@lnds.lu

PRess & media

Fir Medien- oder Pressufroen, went Iech wgl. un eis Kommunikatiounsekipp:

media@lnds.lu

people

Bei Froen, wat d’Personal betrëfft, went Iech wgl. un eis Personalverwaltung:

people@lnds.lu

data protection

Bei Froen, wat de Schutz vun der Privatsphär oder vun den Daten betrëfft, went Iech wgl. un eisen Dateschutzbeoptraagten:

dpo@lnds.lu

Fir allgemeng Froen, schéckt eis wgl. eng E-Mail un info@lnds.lu.

HEEFEG GESTALLT FROEN

Hei ënne fannt Dir Äntwerten op heefeg gestallt Froen zu eise Servicer an der Prozedur, fir en Dateprojet an d’Weeër ze leeden.

Wéi kënne mir en Dateprojet op d’Bee setzen?

Went Iech wgl. un eis Service-Ekipp an erkläert eis Är Besoinen an Ziler. Eise Service Data Project Consulting and Onboarding ass do, fir Iech duerch déi éischt Schrëtt ze begleeden. Mir freeën eis op weider Gespréicher an eis Zesummenaarbecht.

U wie soll ech mech wenden, fir iwwer en Dateprojet ze schwätzen, deen ech gäre géing op d’Bee setzen?

Kontaktéiert wgl. eis Service-Ekipp. Zu engem spéideren Zäitpunkt wäerte mir e Formular fir d’Entwécklung vun Dateprojeten aféieren.

Wat fir eng Informatioune musse mir bereetstellen, fir e Projet kënnen op d’Been ze setzen?

Mir géingen d’Ziler vun Ärem Projet gäre verstoen, dorënner den erwaarte sozialen, wirtschaftlechen oder ekologeschen Impakt, fir datt mir eng zolidd Grondlag fir den Dateprojet schafe kënnen. Dono musse mir Är Besoine verstoen, fir Iech déi bescht an déi gëeegentst Ënnerstëtzung bidden ze kënnen. Kontaktéiert wgl. eis Service-Ekipp a beschreift Är Besoinen an Ziler esou prezis ewéi méiglech, fir datt mir Iech hëllefe kënnen

Ass d’Benotze vun de Servicer vum LNDS mat Käschte verbonnen?

Neen, all d’Servicer vum LNDS sinn den Ament gratis.

Ech si Chercheur*euse an engem aneren EU-Land. Kann ech d’Servicer vum LNDS an Usproch huelen?

Am Prinzip misst dat méiglech sinn, wann Är Ufro eppes mam lëtzebuergeschen Datenekosystem ze dinn huet. Kontaktéiert wgl. eis Service-Ekipp a beschreift Är Besoinen am Detail, fir datt mir weider an d’Gespréich kënne kommen.

Ech schaffen an engem kommerzielle Betrib am Privatsecteur. Kann ech d’Servicer vum LNDS an Usproch huelen?

Jo, op alle Fall, wann Är Ufro sech op d’Deele vun Donnéeë bezitt, déi sech am Besëtz vun enger ëffentlecher Ariichtung befannen. Kontaktéiert wgl. eis Service-Ekipp a beschreift Är Besoinen am Detail, fir datt mir weider an d’Gespréich kënne kommen.

Baut den LNDS en nationalen Datespäicher op?

Neen, mir sammelen oder zentraliséiere keng Donnéeën op enger zentraler Dateplattform/engem zentralen Datespäicher. Den LNDS bitt Servicer un, déi d’Weiderbenotzung vun Donnéeën aus dem ëffentleche Secteur erméiglecht, andeems en eng federéiert an dezentral Architektur benotzt.

Mir schaffen allerdéngs un engem nationalen Datekatalog. De Luxembourg National Data Catalogue gouf geschaf, fir en Iwwerbléck iwwer d’Datebestänn am ëffentleche Secteur zu Lëtzebuerg ze presentéieren. De Katalog erméiglecht et, an der Datelandschaft ze navigéieren an Datesätz duerch strukturéiert Metadaten ze entdecken. Et ass wichteg ze beuechten, datt de Katalog d’Donnéeën net beinhalt oder sammelt an datt eng formell Ufro noutwendeg ass, fir op d’Datesätz zouzegräifen.

Wat versteet een ënner der Weiderverwendung/Weiderbenotzung vun Donnéeën?

D’Weiderverwendung vun Donnéeën, och Weiderbenotzung vun Donnéeë genannt, bezitt sech op d’Benotze vun Donnéeë fir en aneren Zweck ewéi deen, fir dee se ursprénglech gesammelt goufen. Zum Beispill, d’Veraarbechtung vu Gesondheetsdaten, déi am Kader vun enger normaler medezinescher Versuergung erhuewe gi sinn, fir nei medezinesch Apparater oder Medikamenter ze entwéckelen.

Ass den LNDS d’Autoritéit, déi iwwer Ufroe fir d’Datebenotzung entscheet?

Neen, mir sinn net d’Autoritéit, déi iwwer esou Ufroen entscheet. Den LNDS schafft enk mat den Datebenotzer, den Datenubidder an den Autoritéiten zesummen, fir dësen Ufroprozess ze erliichteren, mee mir entscheede selwer net iwwer d’Ufroen.

Kënnt Dir eng Presentatioun an eng Aféierungsreunioun fir meng Organisatioun organiséieren?

Jo, dat kënne mir. Kontaktéiert eis wgl. iwwer info@lnds.lu, fir e Rendez-vous auszemaachen. Gitt dobäi wgl. eng Propos fir en Termin un a beschreift d’Zilgrupp dir dës Presentatioun.

Dir hutt d’Äntwert op Är Fro net fonnt? Kontaktéiert eis Ekipp fir weider Informatiounen.