Skip to content

Data Project Consulting and Onboarding

Data Project Consulting and Onboarding

D’Erausfuerderungen, mat deenen eis Partner konfrontéiert sinn, si ganz ënnerschiddlech a maachen all Dateprojet eenzegaarteg. Mir verstinn, datt eng Léisung net fir jidderee passt an datt all Dateprojet ënnerschiddlech Solutiounen erfuerdert. Dofir fänkt d’Zesummenaarbecht mam LNDS ëmmer mat eisem Service Data Project Consulting and Onboarding – oder besser als Onboarding bekannt – un.

Wéi fonctionéiert den Onboarding?

D’Onboardingreunioun berout op enger Kommunikatioun an zwou Richtungen, mat där zwee Haaptziler erreecht solle ginn:

1) den Ëmfang, d’Ziler an den erwaarten Impakt vun Ärem Projet verstoen

2) festleeën, wéi den LNDS zum Erfolleg vum Projet bäidroe kann

Wann den Onbarding-Service ofgeschloss ass, hu mir zesummen d’Servicer identifizéiert, déi Äre Projet brauch, eng ëmsetzbar Roadmap mat Meilesteen entwéckelt an eng zolidd Basis geschaf, net nëmme fir een, mee fir vill zukünfteg Projeten.

Éischt Schrëtt, fir en Dateprojet an d’Weeër ze leeden

Maacht den éischte Schrëtt a Richtung Dateprojet mam LNDS, andeem Dir de Formular ausfëllt an eis méi zu Ärem Projet zielt:

Onboarding – do, wou all d’Dateprojeten ufänken.