Data Extraction, Enrichment and Merging
Data Extraction, Enrichment and Merging
Déi meescht Datenanalysprojeten erfuerderen d’Kombinéiere vun Donnéeën aus verschiddene Quellen. Fir eng spezifesch Analys duerchzeféieren, kann d’Extraktioun vu weesentlechen Inputdaten, déi bei aneren Institutioune kënne leien oder iwwer verschidden Organisatioune verstreet kënne sinn an déi uschléissend Kombinatioun vu grousse Quantitéite vun Datesätz eng Erausfuerderung duerstellen, besonnesch ënner der Berücksichtegung vun de Grondsätz vun der Dateminiméierung.
Eise Service Data Extraction, Enrichment and Merging erméiglecht eng sécher Bereetstellung an Zouuerdnung vun Donnéeë vu verschiddenen Ubidder. Déi rationaliséiert Prozesser vun eisem Service stelle sécher, datt d’Grondsätz vun der Dateminiméierung agehale ginn, wärend d’Datesätz entspriechend de virdefinéierten a moossgeschneiderte Benotzerufuerderungen zesummegeféiert an ugeräichert ginn.
Schaaft méi Wäert aus manner Donnéeën: Extrahéiert op eng sécher Aart a Weis pertinent Donnéeë vu verschiddenen Ubidder, uerdent se zou, räichert se un a féiert se zesummen.