Skip to content

Data Protection Training

Data Protection Training

Ee vun de gréisste Problemer beim Anhale vum Dateschutzgesetz ass, datt d’Leit net genee verstinn, wat vun hinnen erwaart gëtt. An der haiteger digitaler Welt ass den Data Protection Training eng wichteg e-Learning-Ressource, déi op dat Europäescht Dateschutzreglement (GDPR) ofgestëmmt ass.

Fir Iech bei der Uwendung vum Dateschutzgesetz am Kontext vun der Weiderverwendung vun Donnéeën ze ënnerstëtzen, hu mir Online-Formatiounsmodüller entwéckelt, déi Dir kënnt benotzen, fir Iech oder Äert Personal ze forméieren.

Den Data Protection Training ass e modulären e-Learning-Tool fir d’Uwendung vum Dateschutzgesetz ze ënnerstëtzen. De Fokus läit op der Uwendung vum Dateschutzgesetz am Kontext vun der Weiderverwendung vun Donnéeën. An der Formatioun fannt Dir Erklärungen, wat déi rechtlech Ufuerderunge bedeiten, wou op heefeg Mëssverständnisser higewise gëtt, Beispiller aus dem Fuerschungsberäich an Exercicen, fir Äert Verständnis ze testen.

Mir hunn den Data Protection Training an zwee Coursen ënnerdeelt, GDPR Basics a GDPR Advanced. D’Coursë bestinn aus méi Modüller, wat et Iech erméiglecht, d’Formatioun op Ären eegene Rhythmus unzepassen. All Modüll beinhalt interaktiv Elementer, déi d’Engagement an d’Verständnis vun de Participantë*eë fërdere sollen. Fir all Modüll, deen Dir ofgeschloss hutt, kënnt Dir Äre Progrès mathëllef vun engem Test bewäerten.

D’eLearning-Toolen zum Dateschutz si fir de gesamte Spektrum vun de Benotzer*inne gëeegent: vum*vun der absolutten*er Ufänger*in bis zum*zur fortgeschratte*r Chercheur*euse.

GDPR Basics – Building the Fundamentals

Data Protection Training - GDPR Basics

Am éischte Cours, GDPR Basics, léiert Dir an de follgende véier Modüller d’Grondlage vum europäesche Rechtskader fir den Dateschutz kennen.

Modüll 1 – Personal Data

Den éischte Modüll (Personal Data) konzentréiert sech op d’Notioun vun de perséinlechen Donnéeën am Kontext vum Dateschutzreglement. De*D’ Participant*e léiert den Ënnerscheed tëschent perséinlechen an netperséinlechen Donnéeë kennen a gëtt an d’Theemen indirekt Identifikateuren, Anonymiséierung, Pseudonymiséierung an Datekategoriséierung ageféiert.

Modüll 2 – Processing and Purpose

Den zweete Modüll (Processing and Purpose) erkläert, a wat fir enge Situatiounen ee vun Dateveraarbechtung schwätzt a beliicht d’Wichtegkeet vum Zweck an der Dateveraarbechtung mat senge Charakteristiken. Et ass wichteg ze wëssen, wéini Dir tatsächlech perséinlech Donnéeë veraarbecht, well all Veraarbechtung rechtlech begrënnt an dokumentéiert muss ginn. D’Veraarbechtung fënnt ëmmer zu engem kloer definéierten Zweck statt. Verstoen, wat en Zweck am Kader vum Dateschutzreglement ass a wéi een deen definéiert, ass e fundamentale Bestanddeel fir déi legal Konformitéit mam Dateschutzgesetz.

Modüll 3 – Roles

Den drëtte Modüll (Roles) geet op d’Responsabilitéite vun de Kontrollere vis-à-vis vun den Donnéeën an de betraffe Persounen an, esouwéi op d’Relatioun tëschent dem Veraarbechter an dem Kontroller an d’Zwecker an d’Virgoensweise vun der Veraarbechtung. D’Rolle vum ‘Kontroller’, ‘Veraarbechter’ a ‘gemeinsame Kontroller’ an d’Konzept vun der ‘Drëttpersoun’ sinn entscheedend fir d’Uwendung vum Dateschutzreglement. Dës Rolle bestëmmen, wie responsabel fir de Schutz vun de perséinlechen Donnéeën ass a wéi betraffe Persounen hir Rechter ausübe kënnen. Et ass ganz wichteg, dës Rolle korrekt den Entitéiten, déi mat perséinlechen Donnéeën ëmginn, zouzeweisen, well dat hir Verantwortung géigesäiteg, vis-à-vis vun de Persounen, deenen hir Donnéeë veraarbecht ginn, a vis-à-vis vun den Opsiichtsautoritéite weesentlech beaflosst.

Modüll 4 – Lawfulness of the Processing

Am véierte Modüll (Lawfulness of the Processing), wäerten d’Participanten*eën déi rechtlech Grondlage fir d’Veraarbechtung an déi speziell Ufuerderunge fir d’Veraarbechtung vu spezielle Kategorië vu perséinlechen Donnéeën exploréieren. Fir rechtméisseg ze sinn, muss all Veraarbechtung op enger rechtlecher Grondlag berouen. Dir duerft Är Veraarbechtungspläng nëmme weiderféieren, wann Dir eng valabel rechtlech Grondlag identifizéiert hutt.

GDPR Advanced – Application of GDPR

Schreift Iech an de GDPR-Advanced-Cours an

Am zweete Cours, GDPR Advanced, verdéiwe mir eis Kenntnisser a Saachen Uwendung vum Dateschutzgesetz mathëllef vun de follgende Modüller:

Modüll 5 – Secondary Use

Am fënnefte Modüll (Secondary Use) gëtt den Ënnerscheed tëschent der Weiderverwendung vun Donnéeën an d’Weiderveraarbechtung erkläert esouwéi d’Konditioune fir d’Weiderveraarbechtung. Ausserdeem gi Situatiounen erkläert, an deenen et néideg ass, e Kompatibilitéitstest duerchzeféieren, an opportunistesch Zwecker fir d’Weiderveraarbechtung ginn opgewisen. Wann Donnéeë fir en aneren Zweck benotzt ginn ewéi den ursprénglechen Zweck, fir dee se gesammelt goufen (primär Verwendung), kann et sinn, datt ee verschidde Konditioune muss erfëllen, fir datt een dat duerf. An dësem Modüll gëtt erkläert, wéini dat de Fall ass a wat fir eng Reegele musse befollegt ginn.

Modüll 6 – Transparency

Am sechste Modüll (Transparency) léieren d’Participantë*eë verschidde Virgoensweise kennen, wéi se déi betraffe Persounen informéiere kënnen. Dozou gehéiert och, wéi, wat a wéini deene betraffe Persounen Informatiounen zur Verfügung gestallt musse ginn. Déi perséinlech Donnéeë mussen op eng transparent Aart a Weis veraarbecht ginn. Dat bedeit, datt déi betraffe Persounen d’Recht drop hunn, op eng verständlech, kloer an ëmfaassend Aart a Weis iwwer d’Veraarbechtung an hiren Zweck informéiert ze ginn. Transparenz ass en effikasst Mëttel, fir Muechtongläichheeten tëschent Organisatiounen an de Leit, vun deene se perséinlech Donnéeë sammelen, ze reduzéieren oder ze behiewen.

Modüll 7 – Fairness and Data Subjects’ Rights

De siwente Modüll (Fairness and Data Subjects’ Rights) erkläert d’Bedeitung vun de Rechter vun de betraffene Persounen an ënner wat fir engen Ëmstänn eng Dateveraarbechtung als fair ugesi ka ginn. Déi betraffe Persoune ginn duerch en allgemengt Recht geschützt, dat festleet, datt d’EU-Institutiounen hir perséinlech Donnéeë gerecht a gesetzlech an nëmme fir rechtméisseg Zwecker veraarbechten. Dat bedeit och, datt de Kontroller muss sécherstellen, datt déi betraffe Persoun dës Rechter bannent raisonabelen Delaien ausübe kann.

Modüll 8 – Minimisation

Den aachte Modüll geet op d’Prinzippie vun der „Dateminiméierung“ an der „Späicherbegrenzung“ an. Et handelt sech ëm zwee Prinzippien aus dem Dateschutzreglement, déi dorop ausgeriicht sinn, d’Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën op dat, wat adequat, pertinent an noutwendeg ass, ze limitéieren. Dës Ufuerderung bezitt sech net nëmmen op d’Quantitéit, mee och op d’Qualitéit vun de perséinlechen Donnéeën, déi veraarbecht ginn.

Modüll 9 – Accuracy, Integrity & Confidentiality, Data Breach

Fir mam Dateschutzreglement konform ze sinn an déi betraffe Persoune géint verschidde Risiken ze schützen, mussen Organisatiounen eng Rei technesch an organisatoresch Mesurë fir d’Genauegkeet an d’Sécherheet vun den Donnéeën treffen. Fir all Organisatioun, déi perséinlechen Donnéeë veraarbecht, ass et wichteg, ugemoosse Standarde fir d’Genauegkeet vun den Donnéeën an d’Sécherheet vun den Environnementer ze garantéieren, an deene perséinlech Donnéeë gespäichert, ofgeruff a benotzt ginn.

Modüll 10 – Pseudonymisation, Encryption and Anonymisation

Um Enn vun dësem Modüll verstinn d’Participanten*eën déi weesentlech Ënnerscheeder tëschent Pseudonymiséierung an Anonymiséierung, firwat d’Verschlësselung zwar e staarken, awer kee perfekte Schutz bitt, wéi dës Toole bei der Dateveraarbechtung effikass agesat kënne ginn a wat fir eng Suergfalt néideg ass, fir d’Rechter vun de betraffe Persounen ze schützen.

Sidd Dir bereet, méi iwwer d’Dateschutzreglement gewuer ze ginn?

Mir lueden Iech an, Är Kompetenzen a Saachen Dateschutz ze erweideren! D’e-Learning-Modüller iwwer den Dateschutz fannt Dir op edu.lnds.lu.

Heefeg gestallt Froen

Wéi kann ech mech an d’Coursen aschreiwen?

Mellt Iech op der eLearning-Plattform vum LNDS an d’Data-Protection-Training-Coursen un: edu.lnds.lu

Wie méi iwwer d’Dateschutzreglement a seng Uwendung, besonnesch, wat d’Weiderverwendung vun Donnéeë betrëfft, wëll gewuer ginn, ass wëllkomm, fir sech unzemellen. De Cours ass gratis.

Wou läit den Zilberäich vum Data Protection Training?

De Service Data Protection Training konzentréiert sech op dat europäescht Dateschutzreglement (GDPR). D’Coursë bidden ëmfaassend Léiermaterial, dat fundamental a fortgeschratt Prinzippien am Beräich Dateschutz ofdeckt, mat engem spezielle Fokus op Beispiller, déi fir Professioneller am ëffentleche Secteur, Chercheur*eusen an déi Persounen, déi fir d’Verwaltung vu perséinlechen Donnéeën zoustänneg sinn, pertinent sinn. De Léierplang befaasst sech mat rechtlechen Ufuerderungen, de wichtegste Grondsätz vum Dateschutzreglement, prakteschen Uwendungen an heefege Feeler.

Firwat a fir wien ass den Data Protection Training néideg?

Jiddereen, deen an enger Organisatioun perséinlech Donnéeë veraarbecht, sollt eng Formatioun iwwer d’Dateschutzreglement ofschléissen. Eng adequat Formatioun hëlleft den Employéen*éeën, hir Verantwortung a Saachen Dateschutz ze verstoen. Andeems Organisatiounen hiert Engagement fir d’Konformitéit weisen, reduzéiere se de Risiko vu Verstéiss géint d’Rechter op Privatsphär vun den Eenzelpersounen. Wa se dat net maachen, kann dat zu gesetzleche Verstéiss an domat zu Geldstrofe féieren.

U wie wennt sech d’Formatioun?

Eis eLearning-Modüller sinn esou konzipéiert, datt se e breede Publikum uspriechen – vun absolutten Ufänger*inne bis hin zu fortgeschratte Fuerscher*innen. D’Data-Protection-Training-Modüller si speziell fir Employéë*éeë vum ëffentleche Secteur, déi am Kader vun hirer deeglecher Aarbecht mat perséinlechen Donnéeën ëmginn, esouwéi fir Fuerscher*inne konzipéiert. Et ass awer jidderee wëllkomm, fir bei dëser Formatioun matzemaachen.

Fir Dateschutzbeoptraagter (DPOen), déi méi eng detailléiert Ënnerstëtzung am Beräich Gouvernance- a Konformitéitskadere fir den allgemengen Dateschutz brauchen, stelle mir e GDPR Working Group zur Verfügung

Firwat benotze mir e modulären e-Learning-Tool?

Moduläert Léieren ass eng nei Approche fir ze enseignéieren an ze léieren, déi d’Coursen a komplett onofhängeg Modüller opdeelt. D’Modüller kënnen individualiséiert, kombinéiert an op eng flexibel Aart a Weis zur Verfügung gestallt ginn. Dofir bidde se méi eng personaliséiert, effikass an adaptabel Léiererfarung, wat se zu enger wäertvoller Strategie an der haiteger Bildungslandschaft mécht.

Virdeeler vum modulären e-Learning-Tool:
Flexibilitéit a Personaliséierung: D’Apprenantë*eë kënne jee no hirem Interêt an hire Besoine spezifesch Modüller auswielen an hir Léiererfarungen individuell gestalten. D’Apprenantë*eë kënne jee no hirem Interêt an hire Besoine spezifesch Modüller auswielen an hir Léiererfarungen individuell gestalten.
Relevanz mat der realer Welt: D’Modüller sinn direkt mat praktesche Resultater verbonnen, z. B. mat Fortschrëtter an der Karriär. Déi Professionell kënne sech nei Fäegkeeten uneegnen, iwwerdeems se hir Aarbecht maachen, wat dat moduläert Léiere fir Apprenanten*eën an Employeuren interessant mécht.
Verbesserten Engagement: De Fokus op méi kleng Inhaltsunitéite fërdert déi aktiv Participatioun. D’Apprenantë*eë kënne bestëmmt Theeme verdéiwen, hiert Wëssen uwenden an direkt Resultater feststellen.
Effikass Ausféierung: Formateure kënnen d’Modüller méi effikass opstellen an aktualiséieren, ewéi wann et sech ëm komplett Coursë géing handelen. Domat kënne se Contenue matzäiten an op eng pertinent Aart a Weis bereetstellen.
Technologesch Integratioun: Moduläert Léiere gräift digital Trends op a benotzt Toolen ewéi Léiermanagementsystemer (LMSen) an Internetsäiten, déi séier lueden. Et hëlleft Formateuren, pertinent ze bleiwen an enger technologescher Landschaft, déi séier ännert.